Wat kascht d’Elektrifizéierung vun der CFL-Busflott?

Bis 2030 sollen d’Busse vun der CFL vollstänneg mat Stroum fueren. Duerfir ginn elo massiv ëffentlech Sue fir nei Gefierer an de Grapp geholl. Ass déi Ëmstellung ënnert den aktuelle Maartkonditioune rentabel oder handelt et sech ëm de Subsid vun engem politesche Wonschprojet? De Jeff Engelen freet no:

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.

Den 10. Mee war am Quotidien ze liesen, datt d’CFL hire Busfuerpark bis 2030 zu 100 Prozent op Elektrobusse wëll ëmstellen. Déi Moossnam geet wäit iwwert d’Virgabe vum “Règlement (UE) 2024/1610 du Parlement européen et du Conseil du 14 mai 2024 modifiant le règlement (UE) 2019/1242 en ce qui concerne le renforcement des normes de performance en matière d’émissions de CO2 pour les véhicules utilitaires lourds neufs et intégrant des obligations de déclaration, modifiant le règlement (UE) 2018/858 et abrogeant le règlement (UE) 2018/956” eraus, esou wéi d’Madamm Minister se an der Äntwert op meng parlamentaresch Fro Nummer 689 beschriwwen huet.

Zu den techneschen Detailer ass dann am Quotidien ënner anerem ze liesen, datt d’Liewensdauer vun den neie Bussen op aacht Joer geschätzt gëtt, wann se d’Joer ongeféier 90.000 Kilometer maachen, also eng Leeschtung vu 720.000 Kilometer bei Uschafungskäschte pro Gefier vu 644.166 Euro.

An deem Sënn géif ech Madamm Verkéiersminister gär dës Froe stellen:

  • Kann d’Madamm Minister eng Tabell presentéieren, déi regruppéiert, wéi vill Busse säit 1990 all Joers an der Fuerpark vun der CFL opgeholl goufen, wéi laang dës all Kéiers duerchschnëttlech am Betrib waren a wéi vill Kilometer se dobäi jeeweils insgesamt, souwéi iwwert d’Joer gekuckt, zeréckgeluecht hunn?
  • Kann d’Madamm Minister e Präisvergläich vun der Neiuschafung vun engem aktuellen Elektro- an Dieselbus bei ongeféier gläicher Kapazitéit presentéieren?
  • Kann d’Madamm Minister matdeelen, wéi een Zweck deenen neien Elektrobussen no aacht Joer viraussichtlech soll zougewise ginn? Ginn se um Occasiounsmaart ofgesat, verschrott oder eventuell als Reserve fir Ersatzstécker, respektiv Formatioune gehalen?
  • Wéi schätzt d’Madamm Minister d’Innovatiounsentwécklung um Marché vun den Elektrobussen iwwert déi nächst Joren an? Leeft Lëtzebuerg an engem “optimisteschen” Zenario net Gefor, elo nach Busser ze kafen déi an e puer Joer technologesch iwwerholl sinn?

 

Deel dëse Post: