Wat fir Gefore fir Lëtzebuerg?

De baussepoliteschen Déngscht vun der EU EAD huet en Dossier iwwer Geforen a Bedreeungen an der haiteger Zäit ausgeschafft. Dat Dokument ass net fir d’breet Ëffentlechkeet geduecht. De parlamentaresche Grupp vun der ADR verlaangt awer, dat Dokument am Kader vun enger gemeinsamer Sëtzung vun de Chamberskommissioune fir Baussepolitik a fir d’Kontroll vum Geheimdéngscht an a Presenz vun de zoustännege Ministeren ze analyséieren an ze diskutéieren.

Deel dëse Post: