Wat fir eng Léieren zitt d’Regierung aus der Covid-Kris?

All Kéier wann an der Chamber e Covid-Gesetz vun der Regierung zur Debatt stoung huet d’ADR sech regelméisseg, zouverlässeg a konsequent géint all  Aschnëtter an d’Grondrechter an d’Fräiheete vun de Bierger ausgeschwat! Dofir bleiwt d’ADR ganz houfreg op déi moderéiert a vernënfteg Positioun déi si an dëser, wéi och an anere Krisen, vertrueden hunn a vertrieden. Mir wëllen d’Leit géint d’Krankheet schützen, hir Fräiheeten dobäi awer respektéieren a verdeedegen an och dofir suergen, datt d’Impfen ëmmer fräiwëlleg bleift! D’ADR huet dës moderat an ausgeglache Linn eleng a géint vill Widderstänn vertrueden an huet dofir och vill Unerkennung kritt. An dësem Gesetzprojet geet et haaptsächlech ëm d’Maskeflicht am ëffentlechen Transport. D’ADR begréisst dës Neierung. Si kënnt spéit, besonnesch och am Verglach mat aneren europäesche Länner, mee ëmmerhin! Vill Frontaliere wëssen dat bestëmmt ze appreciéieren: bei sech doheem hu si scho laang  keng Masque méi gebraucht. Mee esou bal si iwwer d’Grenz kommen, mussen si nees eng undoen.  D’ADR ass der Meenung, datt d’Maskeflicht am ëffentlechen Transport soll elo direkt opgehuewe ginn! D’ADR huet ëmmer nees och op d’Nodeeler vun de Masken higewisen, z.B. fir kleng Kanner, awer och a bestëmmte Situatiounen fir Erwuessener. Och elo gëtt et nach verschidde Kategorië vu Leit, déi duerch hire Beruff dacks stonnlelaang hannerteneen musse Masken undoen. D’Sënnhaftegkeet vun esou Regelen muss ëmmer nees iwwerpréift ginn an esou wäit ewéi méiglech soll d’Undoe vun enger Masque op Fräiwëllegkeet berouen. Ganz allgemeng verlaangt d’ADR eng permanent Evaluatioun, ob déi COVID Mesüren déi nach bleiwen, wéi d’Masken- oder d’Testflicht op enger Rei vu Plazen, nach wierklech sënnvoll an néideg sinn. Wann net, gehéiere si ofgeschaaft!

Deel dëse Post: