Wann duerch d’Inflatioun d’Steieren ze héich sinn …

D’Inflatioun geheit d’Steiertabell duerchernee, well d’Geldentwäertung net bei den Tranchen vun der STeiertabell berécksiichtegt gëtt. De Fernand Kartheiser huet eng ganz intressant Fro un d’Madamm Finanzminister gestallt, nodeems en aner Minister um Radio d’REgierung gelueft hat, wat si alles géint dës sougenannte kal Progressioun gemaach hätt. Looss mer kucken, wat dann do alles soll geschitt sinn …

 

Fro

D’Upassung vun der Steiertabell un d’Inflatioun geschitt hei am Land zënter 1996  net méi automatesch. An der RTL-Emissioun „Dir hutt d’Wuert“ huet de Minister François Bausch gesot, datt d‘Regierung zënter 2013 vill gemaach hätt an där Richtung, ouni an Detailer ze goen. Duerfir well ech d’Madamm Finanzminister froen:

  1. Wéi dacks ass d’Steiertabell zënter 1996 un d’Inflatioun ugepasst ginn?
  2. Wéi dacks wär d’Steiertabell mam 5Prozent-Automatismus, deen 1996 vum Finanzminister Jean-Claude Juncker a senger CSV-LSAP-Regierung ofgeschaaft ginn ass, zënterhier ugepasst ginn?
  3. Wat genee huet d‘Regierung vun 2013 u gemaach, fir déi ongerecht Auswierkung vun der Inflatioun op d’Steiertabell, d’kal Progressioun, auszegläichen?
  4. Kann ee graff rechnen, wéi vill Steieren de Staat all Joer méi anhëlt, wéi hien eigentlech berechtegt wär, well d’Steiertabell net automatesch ugepasst gëtt?

Äntwert

Äntwert vun der Finanzministesch op d‘parlamentaresch Ufro n°6322 vum 8. Juni 2022 vum honorabelen Deputéierte Fernand Kartheiser iwwer d’Upassung vun der Steiertabell un d‘Inflatioun

 A senger parlamentarescher Ufro referéiert sech den honorabelen Deputéierten op d’Upassung vun der Steiertabell un d’Inflatioun. Et ass drop hinzeweisen, datt de Barème an der Vergaangenheet säit 1996 aachtmol ugepasst ginn ass.

Et ass leider net méiglech ze rechnen, wéi oft de Barème ugepasst hätt missten ginn, wann d’Upassung mat dem 5-Prozent Automatismus nach géif bestoen. Esou een Exercice hätt och keng Plus-value an wär reng spekulativ, well deen initialen Mechanismus méi wéi eng Kéier ofgeännert ginn ass. Esou koum et am Joer 1996 zu enger substantieller Ännerung andeem déi automatesch Upassung ofgeschaaft ginn ass. An am Joer 2012, wéi an der parlamentarescher Ufro N°4762 vum 27. Juli 2021 erwäänt, ass déi allgemeng Upassung vum Barème un d’lnflatioun, déi am Artikel 125 vum Akommessteiergesetz virgesi war, duerch d’Gesetz vum 21. Dezember 2012 ofgeschaaft ginn. D’Regierung Juncker huet deemools am Gesetzesprojet drop higewisen, datt dee Schrëtt néideg war opgrond vun den deemolege budgetäre Contrainten.

Et ass des Weideren drop hinzeweisen, datt d’Regierung am Kader vun der Steierreform 2017 de Steierbarème substantiell ugepasst huet. Duerch d’Upassung vun den ënneschten Tranchen an duerch d’Aféierung vun zwee weidere Steiertauxe vun 41 respektiv 42 Prozent, ass de Steierbarème sozial méi gerecht gemaach ginn. Derbäi kennt, datt d’Steierreform 2017 d’Steierkreditter (CIS, CIP, CII, CIM) komplett nei modeléiert huet, fir déi Leit mat déiwe Revenue steierlech nach weider ze entlaaschten. All déi Mesure sinn aus steierlecher Siicht méi sozialgerecht a méi adequat, wéi wann d’Regierung eng allgemeng Upassung vum Barème vun der Akommessteier un déi allgemeng Präisdeierecht ënnerholl hätt, déi virun allem Leit mat héije Revenue favoriséiert hätt.

Ofschléissend ass drop hinzeweisen, datt et technesch net méiglech ass, deen hypotheteschen Fall ze rechnen, wéi vill Steieren de Staat méi – respektiv manner – ageholl hätt, wann de Barème automatesch ugepasst gi wär. Esou eng Rechnung wär och nees reng spekulativ an hätt keng Plus-value, well deen initialen Mechanismus méi wéi eng Kéier ofgeännert ginn ass.

 

Deel dëse Post: