Wann d’LSAP an déi aner “grouss” Parteien d’Südgemenge verroden …

En Donneschdeg, de 6. Juli 2017, huet d’Chamber Diddeleng, Keel a Rëmeleng verroden, ouni mat der Wimper ze zucken. Déi dräi Gemengen haten sech am Mee géint d’Decisioun vum Betongsminister François Bausch, deen och fir Transport zoustänneg ass, gewiert. Si hate mat Resolutioune verlaangt, deem seng Decisioun, direkt Zuchlinne vu Wuermereng (iwwer Diddeleng) an Éitreng (iwwer Rëmeleng) an d’Stad ze stoppen, nach eng Kéier ze iwwerdenken. Fir déi Gemengen ze ënnerstëtzen hat de Gast Gibéryen fir d’ADR eng Motioun gemaach, déi genee d’Fuerderunge vun deenen dräi Gemengen erëmginn huet. A wou an de Gemengen eestëmmeg all Parteien, déi an der Chamber sinn, derfirgestëmmt hunn (inklusiv d’KPL zu Rëmeleng), war et op eemol an der Chamber anescht. Blaméiert hu sech d’LSAP, déi an deenen dräi Gemengen de Buergermeeschter stellt, mä grad esou d’CSV, d’DP an Déi Gréng, déi an de Gemenge fir eppes stëmmen an an der Chamber dergéint.

D’Deputéiert hunn also d’Interesse vun der grénger Partei, vu Gambia  a vun hirem iwwerfuerderten Transportminister iwwer d’Interesse vun de Bierger vun de Südgemenge gestalt. D’Parteien hunn déi berechtegt Interesse vun hire lokale Sektioune mat Féiss getrëppelt. Well et ass eng Saach op Gemengeréit Resolutiounen huelen, déi de Minister a säin Tirang leet, oder op d’Chamber déi katastrophal Politik verbitt. Do muss de Minister follegen.

D’Blamage vun den Diddelenger an der Chamber

Deen eenzege Wee fir ze verhënneren, datt sech d’Transportsituatioun zu Diddeleng an zu Rëmeleng staark verschlechtert, huet d’Chamber also verhënnert mat engem Vote vu 54 Nee-Stëmmen(CSV a Gambia) géint 5 Jo-Stëmmen (ADR an Déi Lénk). Besonnesch intressant war natierlech de Vote vun deene véier Deputéierte vun Diddeleng. Abee Mars di Bartolomeo, Alex Bodry a Claudia Dall’Agnol hu schéi brav fir Gambia a géint Diddeleng gestëmmt. Besonnesch schlëmm war dat fir de Chamberspresident. Seng Madame, d’Josiane di Bartolomeo-Ries, hat zu Diddeleng schliisslech d’Resolutioun verfaasst, déi genee dat seet, wat de Gast Gibéryen an der Chamber gefuerdert huet. D’Claudia Dall’Agnol hat virum Vote gelungenerweis kuerz d’Chamber verlooss mä Uerder ginn, fir datt e Parteikolleg fir si mat nee gestëmmt huet. An och d’Sylvie Andrich-Duval (CSV) wollt net selwer um Vote deelhuelen. Wéi eng CSV-Kollegin fir si mat Procuratioun mat Nee gestëmmt hat, huet si awer drop bestane, datt si net um Vote deelgeholl hätt (duerfir nëmme 59 Stëmme bei dësem Vote).

De gréissten Deel vun der Blamage ass zwar onbestridde fir d’LSAP. Net nëmme war den Diddelenger Buergermeeschter den 2. Mee am Gespréich mam Transportminister an huet sech net iwwer d’Ofschafe vun deenen direkten Zuchlinne beschwéiert. Opgereegt huet sech just den Diddelenger ADR-Conseiller Vic Haas, deen de Schäfferot den 3. Mee mat enger schrëftlecher Fro viru seng Verantwortung gestalt huet. Op der Braderie, de 6. Mee, hat d’ADR grousse Succès mat deem Thema an eréischt dunn ass d’LSAP erwächt. Pressekomunikeeën, Pressekonferenzen, Petitiounslëschte sinn op eemol zu Diddeleng zirkuléiert a Resolutiounen am Gemengerot gestëmmt ginn. Alles fir dem Bierger Sand an d’Aen ze streeën, well an der Stad maachen déi Leit de Konträr vun deem, wat se zu Diddeleng priedegen.

 

Deel dëse Post: