Wann de Stroosseverkéier manner Knascht mécht, wéi geduecht

D’Ëmwelt huet Schounfrist wann d’Wirtschaft net dréit, an dat ass an de Corona-Zäiten de Fall? Mee mat drastesch reduzéiertem Stroosseverkéier ass de Réckgang vu Schuedemissiounen a vu Feinstëbs manner spektakulär, wéi et misst sinn, wann den Auto dann Haaptschëllege wär. De Fernand Kartheiser hat der Regierung eng Rëtsch Froe mat Bezuch op d’Stéckstoffemissioune gestallt. Dës Kéier ass et de Feinstëbs, en anere Schuedstoff, fir deen den Auto soll haaptsächlech responsabel sinn, fir deen den ADR-Deputéierte sech intresséiert.

Och mat der Fro: Wie kënnt op fir de finanzielle Schued vun deenen Leit, déi en Dieselauto fueren, wann erwisen ass, datt deen net esou schiedlech ass wéi ugeholl?

Deel dëse Post: