Walgesetz: d’Presidentekonferenz an d’Chamber schwätze sech fir d’Recevabilitéit vun der ADR-Gesetzpropositioun aus

D’Presidentekonferenz, déi sech aus dem Chamberspresident an de Fraktiounscheffen zesummesetzt, an d’Chamber hu sech fir d’Recevabilitéit vun enger Gesetzpropositioun vun der ADR ausgeschwat. Dëst gouf an der ëffentlecher Sëtzung vum 14. Mee esou decidéiert. An deem Text geet et drëms, datt  d’Walgesetz esou geännert gëtt, datt eng méi gerecht Verdeelung vun de Sëtz pro Bezierk erreecht gëtt. Virun de Wale sollen op Basis vun den ageschriwwene Wieler d’Zuel vun de Mandater pro Bezierk festgeluecht ginn. Datt sech d’Presidentekonferenz an d’Chamber fir d’Recevabilitéit vun där Gesetzpropositioun ausgeschwat hunn, ass eng vun de villen Etappen, déi virgesi sinn, ier et zu enger Debatt an zu enger Ofstëmmung kënnt.

Dir wëllt méi iwwert dës Gesetzpropositioun vun der ADR gewuer ginn? Einfach hei uklicken!

Deel dëse Post: