Wal-Taxi: Eis Sprooch an der Limousine

De Waltaxi ass just richteg fir de Leit d’Politik op e bëssi méi eng amüsant Art a Weis méi no ze bréngen. Et kann ee gedeelter Meenung sinn, ob déi eng Taxis-Koppel vläicht méi logesch ass wéi déi aner: Et muss een awer wëssen, datt de Serge Kollwelter als Iwwerraschungsgaascht manner frëndlech mam ADR-Deputéierten diskutéiert, wéi d’Ko-Passagéier vun anere Politiker am nämmlechten Taxi. Den Här Kollwelter huet esouguer evident Zuele konadréiert, déi mat engem Bléck op https://data.public.lu/fr/datasets/nombre-de-luxembourgeois-habitant-a-letranger/ ze fanne gewiescht wären. Mee de Roy Reding huet sech och gutt aus dëser däreger Affär gezunn. Themen am Taxi ware soss nach dem Roy seng ganz al politesch Vergaangenheet, déi hie bei de jonke Sozialiste verbruecht huet, den Tram, d’Lëtzebuerger Sprooch an d’Frontalieren. 

Wat d’Spill mat den Zuelen ugeet, dat RTL dreift, hei sinn dann déi offiziell Zuelen op déi de Roy Reding sech baséiert huet. Et sinn dat Zuelen aus eisen Nopeschlänner, déi beweisen, datt 50.000 Lëtzebuerger an der Groussregioun liewen. RTL huet fir de Roy Reding ze widderleeë falsch Zuele an d’Welt gesat (ronn 8.900 Lëtzebuerger “Frontalieren”, déi also hei am Land schaffen), publizéiert …  Déi richteg Zuele si mat e bësse guddem Wëll ze fannen. Anscheinend hunn awer weder de Serge Kollwelter nach RTL dee bësse gudde Wëll. Hei also vun enger garantéiert onverfänglecher Säit, nämlech vun den ëffentlechen Donnéeë vum Lëtzebuerger Staat d’Bestätegung (Link op d’Donnéeën):

51.078 Lëtzebuerger liewen an Däitschland, der Belsch a Frankräich.

Deel dëse Post: