Waffegesetz: Jo zur EU-Direktive, Nee zu iwwerdriwwene Restriktiounen!

Am Kader vun enger  Entrevue mam Deputéierte Roy Reding hu Sportschéisser, Waffesammler a Vertrieder vun der Kampfsportfederatioun hir gemeinsam Suergen vis-a-vis vum Projet fir  dat neit Waffegesetz ausgedréckt. Si kréien duerch den Avis vum Staatsrot de Réck gestäipt, 19 formell Oppositiounen hat déi héich Kierperschaft festgestallt. D’ADR ass iwwerdeems zu 100% op der Säit vun deene Betraffenen an ass géint déi geplangte Reform vum Waffegesetz. Problemer am Text sinn zum Beispill datt historesch Waffe musse neutraliséiert ginn, de Sammler no verléieren déi Waffen dann enorm u Wäert. Datt verschidde Munitiounszorten an automatesch Waffe komplett verbuede solle ginn ginn, domadder sinn d’Sportschütze net d’accord. D’Vertrieder vum Kampfsport bekloen sech driwwer datt duerch d’Gesetzreform Bengelen oder Messeren déi se am Kader vun hirer Aktivitéit notzen illegal ginn.

 

Deel dëse Post: