Ënnert wéi enge Konditiounen, dierf een ausserhalb vun der EU wou mat engem Lëtzebuerger Fürerschäin mam Auto fueren? E Lieserbréif am Tageblatt weist doropshin, datt d’Lëtzebuerger Bierger hei méiglecherweis benodeelegt ginn, op mannst am konkrete Fall vun de Vereenegten Arabeschen Emiraten. Dat läit awer dem selwechte Bréif no net drun, datt d’Scheichen eis iergendwéi schlecht wëllen, mee well eng fréier Regierung en entspriechend Ofkommes mangelhaft ëmgesat huet. Wéini gëtt dee Feeler korrigéiert a wéi gesäit et effektiv mat eise Rechter am Ausland aus? De Jeff Engelen freet fir Iech no:
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Bausseminister an d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.
An engem Lieserbréif, deen den 21. August am Tageblatt publizéiert gouf, ass ze liesen, datt Lëtzebuerger déi an de Vereenegten Arabeschen Emirater liewen, hire Lëtzebuerger Fürerschäin mussen ofginn, wann si gär eng Fuererlabnis vun de lokalen Autoritéite wëllen ausgestallt kréien. Falls si dann zeréck op Lëtzebuerg reesen, mussen si en internationale Fürerschäin ufroen, fir hei dierfen ze fueren. Dem selwechte Lieserbréif no ass déi Modalitéit méiglecherweis op en “Oubli” bei der Ratifikatioun vun engem Traité zeréckzeféieren. Bierger aus aneren EU-Länner, déi sech als Resident an den Emirater néierloossen, kënnen de Fürerschäin vun hirem Heemechtsland parkonter zousätzlech zu hirem lokale Fürerschäin behalen.
An deem Zesummenhang géif ech der Regierung gär dës Froe stellen:
- Kann d’Regierung, déi Faiten esou wéi am Lieserbréif duergestallt, bestätegen?
- Falls dës Modalitéiten effektiv op en “Oubli” zeréckzeféiere sinn, gesäit d’Regierung vir dësen nodréiglech ze korrigéieren?
- A wéi engen net EU-Länner kann een als Tourist aktuell ouni zousätzlech Prozedur oder Dokument mat engem Lëtzebuerger Fürerschäin fueren?
- A wéi engen net EU-Länner kann een als Resident aktuell ouni zousätzlech Prozedur oder Dokument mat engem Lëtzebuerger Fürerschäin fueren?
- Applizéiert Lëtzebuerg am Sënn vun deenen zwou Froe virdrun ëmgekéiert déi selwecht Méiglechkeeten an Obligatiounen?
- Wäert d’Regierung sech am Kader vun der EU-Fürerschäinsdirektiv duerfir asetzen, datt de Lëtzebuerger Fürerschäin zukünfteg automatesch an all deene Länner an zu deene selwechte Modalitéiten unerkannt gëtt, wéi dat fir aner Memberstaate schonn de Fall ass? Falls net, firwat net?