Wa Kanner placéiert ginn …

Wat fir Familljen e ganz schwéieren Agrëff ass, dee richteg wéi deet, werft masseg Froen op: d’Placéiere vu Kanner an enger aner Famill oder an enger Institutioun. Méiglech ass esou eng Moossnam schon op Grond vun engem Signalement aus dem Ëmfeld vum Kand. De Fernand Kartheiser wëllt elo an enger parlamentarescher Fro, ausnaamsweis op franséisch,  Opschloss iwwer dat, wat de Staat däerf a wéi. Hie wëll awer och wëssen wéi d’Kand a seng Famill an därer traumatiséierender Situatioun kënne gehollef kréien.

Esou bal d’Äntwert vun der Regierung do ass, wäerte mir ausféierlech op déi laang Rëtsch Froen op Lëtzebuergesch agoen.

Deel dëse Post: