Vu Burkaen a Koalitiounen: De Gast Gibéryen am RTL Journal

De Gast Gibéryen war e Méindeg, de 7. August, Gaascht vun RTL am Owes-Journal: Den nämmlechten Dag hat d’Regierung jo hir verniwwelt Virstellung vun engem Burkas-Gesetz presentéiert. An der Praxis muss deem Gesetz no eng Fra, déi eng Burka unhuet, dës virun ëffentleche Gebaier ausdoen, ier si eragoen däerf. Op der Strooss däerf si sech awer weider ongestrooft an deem Gezei beweegen. Ob d’Regierung elo speziell Vestiären a verschiddene Regierungsgebaier ariichte wëllt, ass nach net gewosst.

Gewosst ass allerdéngs, datt d’ADR an de Gast Gibéryen déi mëssgléckte Regierungstaktik, fir all Mënsch wëllen zefriddenzestellen, net lëschteg fannen. Gewosst ass och, datt zwee Gesetzesvirschléi virleien, ee vun der ADR (deponéiert de 16. Juli 2014) an eng Variatioun op den ADR-Text duerch d’CSV – fir déi dës ganzer 16 Méint gebraucht huet – (deponéiert de 19. November 2015), déi scho vum Staatsrot gekuckt gi sinn. Genuch Munitioun fir de Gast Gibéryen fir e Fernseh-Interview deemno. 

Weider Sujete mam Invité vum Journal waren d’Gemengewalen, fir déi de Gast Gibéryen weider ADR-Lëschten ugekënnegt huet, an eng méiglech Koalitioun mat der CSV no de Chamberswalen 2018. Och hei kënnt Kloertext vum Gast Gibéryen. D’CSV kann et mat der Oppositiounspolitik net esou eescht mengen, wa si keng Gemeinsamkeete mat der ADR gesäit. D’Entscheedung iwwer d’Koalitioun läit awer beim Wieler. D’ADR wëllt esou vill Wieler wéi méiglech virun de Walen iwwerzeegen, fir no de Walen als méigleche Koalitiounspartner dozestoen. D’CSV géing schonn haut, iwwer e Joer virun de Chamberswalen,  dat mat der ADR maachen, wouriwwer si sech bei Gambia esou opgereegt hat. Déi dräi Parteien haten no de Walen 2013 eng Kolatioun mat der CSV ausgeschloss. Wann d’CSV wierklech eng aner Politik maache wëllt wéi Gambia, ka si dat nëmme mat der ADR. En anstännegt Burkas-Gesetz zum Beispill wär mat der ADR ganz séier ze maachen. 

Deel dëse Post: