De Jeff Engelen mécht sech a senger Interventioun vum 21. November staark fir eis Baueren a Wënzer. Och déi Baueren, déi sech op Nischeberäicher spezialiséiert hunn, z.B. den Uebst- a Geméisbau, d’Gefliggelzuucht oder nach d’Zuucht vu Klengdéieren, musse mat der Ënnerstëtzung vun der Politik rechne kënnen, wa sech Problemer stellen oder si mat praxisfriemen Oplagen ze kämpfen hunn.