Vitaminn D: Manktem schiedlech, Gesondheetsministesch gefuerdert!

Et ass schonns méi laang bekannt datt iwwer 80% vun den Awunner aus eisem Land, e Manktem un Vitaminn D opweisen. Et sinn an de leschte Méint Studien erauskomm, déi besoen, dass en Manktem un Vitaminn D zu engem méi schwéiere Verlaf bei enger Infektioun duerch de Coronavirus géif féieren.Och wann de Vitaminn D net virum Virus selwer schützt an och keen Heelmëttel ass géint de Virus, sou kann en Manktem awer schiedlech sinn an dat och net nëmmen am Hibléck op de Coronavirus, mä allgemeng.

 

Deel dëse Post: