Säit 2023 kënnen d’Leit hir Steiervignette iwwer MyGuichet bezéien. Si mussen se dann awer selwer ausdrécken an an den Auto leeën. Anescht kréien si se ausgedréckt vum Staat heemgeschéckt. Firwat kann een se och am Sënn vun engem effiziente Ressourceverbrauch am Fall vun enger Kontroll net einfach de PDF um Handy weisen? De Jeff Engelen leet de Fanger an d’Wonn:
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.
Säit bal zwee Joer kënnen d’Leit hir Steiervignette fir zu Lëtzebuerg ugemellten Autoen iwwer MyGuichet bezéien. Si mussen se am Fall vun enger Kontroll awer weider ausgedréckt am Auto dobäihunn. Si ginn also net administrativ entlaascht, mee si huelen dem Staat op eege Käschten d’Laascht of, fir se erauszedrécken an heemzeschécken.
An deem Zesummenhang géif ech der Madamm Verkéiersminister gär dës Froe stellen:
- Wéi vill Steiervignette si säit der Aféierung vun der Digitaliséierung iwwer MyGuichet bezu ginn, amplaz, datt d’Lei sech se heemschécke gelooss hunn, souwuel ausgedréckt an absolutten Zuelen, wéi och a Prozent?
- Kann d’Madamm Minister elaboréieren, firwat d’Leit déi heivu Gebrauch maachen, am Fall vun enger Kontroll weiderhin en ausgedréckte Pabeier mussen dobäi hunn, amplaz de Beamten alternativ dierfen de PDF op hirem Handy (oder engem aneren elektroneschen Apparat) ze weisen? Bis wéini ass hei eng Ännerung virgesinn?
- Mussen d’Leit, déi sech iertemlech drop verloossen, datt et duergeet, déi elektronesch Form um Handy ze hunn, am Fall vun enger Kontroll automatesch e Protokoll bezuelen? Falls jo, kann d’Madamm Minister matdeelen, wéi vill där Protokollen, wou d’Leit zwar hir Autossteier vollstänneg an am Delai bezuelt haten, awer d’Vignette just ënner elektronescher Form matgefouert hunn, säit der Aféierung vum System geschriwwe goufen? Wéi vill Recetten sinn dem Staat doduerch entstanen?
- Wéi vill Käschten huet de Staat doduerch agespuert, datt d’Leit d’Vignette net méi hu missen heemgeschéckt kréien?
- Kann d’Madamm Minister matdeelen, ob virgesinn ass, de Beamten zukünfteg Zougrëff op déi entspriechend Datebanken ze ginn, fir, datt si d’Vignette och alternativ kënne selwer iwwerpréiwen, ouni, datt de Bierger se um Pabeier dobäi huet?