Vertrauensfro an der Chamber: d’Interventioune vun den ADR-Deputéiert

Den 13. Juni ass an der Chamber iwwert eng Motioun an eng Resolutioun ofgestëmmt ginn, déi vun Oppositiounsparteien eragereecht goufen an an deenen et drëms gaangen ass dem aktuelle Finanzminister Luc Frieden, respektiv der ganzer Regierung d’Vertrauen z’entzéien. D’ADR huet dës Initiativen ënnerstëtzt.

Hei ass dem Gast Gibéryen seng Interventioun.

Als Justizminister huet de Luc Frieden zwee héich Beamten entlooss, an dat op eng Aart a Weis, déi d’ADR ganz seriö a Fro stellt. De Fernand Kartheiser huet dem zoustännege Minister ze verstoe ginn, datt et och an deem Dossier zu engem Vertrauensbroch komm ass.

Am Laf vun den Diskussiounen huet de Fernand Kartheiser zwee Mol d’Wuert ergraff fir nach eng Kéier op seng Aktivitéit als Duebelagent zréckzekommen.

D’Majoritéitsparteien hu jeeweils eng Resolutioun eragereecht fir den deemolege Justizminister an déi ganz Regierung a Schutz ze huelen. D’ADR huet dës Initiative selbstverständlech net ënnerstëtzt.

Deel dëse Post: