Et ass eng Geschicht, déi engem carrement d’Sprooch verschléit. Säit Joren iwwerzitt d’Regierung déi Lëtzebuerger Betriber mat ëmmer méi ideologesch motivéierter Ëmweltbürokratie. Ma, do wou eis Ëmtweltlegislatioun mol eng Kéier wierklech Sënn mécht, dem Recyclage vu Verpakungsoffall, schénge fir d’Regierungsmemberen aner Reegelen ze gëllen. Wéi d’Lëtzebuerger Wort de Moie geschriwwen huet, verstéisst de Familljebetrib vun der Madamm Ëmweltminister, deen si bis zu hirem Amtsuntrëtt selwer mat geleet huet, hei säit Jore géint d’Gesetz. Dozou muss ee fairerweis soen, datt et grad fir kleng Betriber oft schwéier ass, déi sëllegen a lafend geännert Reguléierungen ëmmer bis op de leschte Stëppel ze kennen. Dat gëllt och an dësem Fall.
Den eigentleche Skandal läit duerfir net am Virgang u sech, mee an der Reaktioun vun der Madamm Ëmweltminister. Op eemol soll d’Valorlux, där hire fréiere President si widderhuelt op dëse Probleem higewisen huet, Schold sinn, well hir Administratioun net reagéiert huet! Wéi ofgehuewe kann een als Minister eigentlech sinn?