Verkéierspolitik: Sënnvoll Propositioune vun der ADR

D’Aféiere vum grénge Feil, d’Altersdiskriminatioun bei de Camionsführerschäiner ofschafen an d’Konzept vum sougenannte Giga-Liner genee ënnert d’Lupp huelen: D’ADR huet den 3. November eng Pressekonferenz zum Thema Verkéierspolitik ofgehalen, wou iwwert de Wee vu Motiounen an engem Gesetzesvirschlag konkret Propositiounen presentéiert goufen, fir de Verkéier zu Lëtzebuerg, dee jo ëmmer méi zouhëlt, méi sécher, méi flësseg a méi effizient ze gestalten. D’ADR-Fraktioun wäert nach dëse Mount hir Virschléi an der Chamber deponéieren.

 

Deel dëse Post: