Verfolgungen vun de Baha’i am Iran: wat mécht d’Regierung?

D’lëtzebuerger Baha’i huet der Chamber eng Kopie vun engem Bréif zoukomme gelooss, deen déi international Communautéit vun de Baha’i un de President vun der Islamescher Republik Iran geschéckt huet.

An deem Bréif gëtt op déi staark Oppressioun opmierksam gemaach, déi d’Baha’i am Iran duerchmaachen. Et geet virun allem dorëms, datt de Kanner a Jugendlechen aus dëser Communautéit den Accès un d’Bildung verbuede gëtt, an datt et d’Baha’i am Iran ganz schwéier bis onméiglech gemaach gëtt, e Beruff auszeüben an esou fir de Liewensënnerhalt vun hirer Famill ze suergen. Am Bréif un de President vun der Islamescher Republik Iran steet den Ausdrock vu „ekonomeschen Apartheid“.

„Wéi eng konkret Schrëtt ënnerhëlt d’Regierung, op bilateralem Plang, bannent der europäescher Baussepolitik an op internationalem Plang (UNO, …), fir datt d’Mënscherechter an déi reliéis Fräiheeten am Iran geséchert ginn, dës fir d’Baha’i an all aner reliéis Communautéiten?“ freet dem ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser an enger parlamentarescher Fro.

Deel dëse Post: