Verfassungsännerungen: D’ADR wëll endlech d’Fënsteren opräissen…

D’Bierger sollen aktiv matdecidéieren bei Verfassungsännerungen, z.B. via Referndum, wou och iwwert eenzel Punkten ofgestëmmt ka ginn. Bis elo goufen d’Verfassungsännerungen hannert zouenen Dieren diskutéiert an d’Bevëlkerung soll zum Schluss iwwert e Gesamtpaket ofstëmmen – an den Ae vum ADR-Deputéierte net zäitgemäss an demokratesch. An der Interventioun vum 10. Juli gëtt däitlech, datt d’ADR bei Verfassungsfroen d’Fënstere wäit opräisse well:  Et soll eng Verfassung am Interessi vun de Bierger vum Land sinn. D’ADR huet en vue vun enger Verfassungsännerung dohier och Gesetzespropositioune verfaasst, déi den Déiereschutz stäerken an d’Lëtzebuerger Sprooch ouni Kompromësser fërdere sollen.

Deel dëse Post: