E Bauerenhaff, dee souguer op engem alen Timber ze gesi war, verfält ëmmer méi. D’Alexandra Schoos an den Dan Hardy ginn där Saach op de Fong.
Fro:
Zu Äischer (Enscheringen) an der Gemeng Kiischpelt ass Ufank November 2025 en zentralen Deel vun engem ronn 300 Joer ale Bauerenhaff agestierzt, obwuel d‘Gebai säit 2024 national a schonns säit 2022 kommunal ënner Denkmalschutz steet. De betraffenen Haff gëllt als kulturhistoresch besonnesch wäertvoll, ass säit dem 18. Joerhonnert dokumentéiert a gouf an engem Avis vun der „Commission pour le patrimoine culturel“ (COPAC) ausdrécklech als erhalenswäert agestuuft. Dësen Avis hat schonns am September 2023 dréngend Sécherungs- an Erhalungsmoossname gefuerdert. Trotzdeem koum et zu kenge wierksamen Interventiounen, sou dass e weesentlechen Deel vun dësem wichtegen Zeie vun eisem Patrimoine mëttlerweil irreparabel verluer ass.
De Fall wërft grondleeënd Froen zur Wierksamkeet vum Denkmalschutz, zur Roll vun den zoustännege Verwaltungen a Servicer wéi och zu de juristesche Barrièrë fir den Denkmalschutz op. Virun dësem Hannergrond géife mir der Regierung gär follgend Froe stellen:
- Wéi bewäert d‘Regierung den irreparabele Verloscht vun engem national klasséierte Gebai?
- Säit wéini war dem Kulturministère bzw. dem INPA de schlechte baulechen Zoustand vum Bauerenhaff zu Äischer bekannt?
- Wéi eng konkret Moossname goufe säit dem alarméierenden Avis vun der COPAC vum 27. September 2023 geholl?
- Firwat goufen déi am Avis ausdrécklech gefuerdert Erhalungsmoossnamen net ëmgesat?
- Gouf gepréift, ob eng „exécution par substitution” duerch de Staat juristesch méiglech gewiescht wier?
- Goufe Moossnamen ergraff, fir de Proprietaire zur Erfëllung vu senge Flichten ze beweegen? Wa jo, wéi eng?
- Firwat gouf keng geriichtlech Entscheedung ugefrot, obwuel den INPA d‘Situatioun als Noutsituatioun agestuuft hat?
- Hält d‘Regierung déi aktuell geriichtlech Prozedure fir gëeegent, fir bei akutem Verfall vu geschützte Gebaier séier genuch ze handelen?
- Wéi eng Moossname si virgesinn, fir déi nach bestoend Deeler vum Gebai ze sécheren? Gëtt eng Rekonstruktioun vum agestierzten Deel a Betruecht gezunn?
- Plangt d‘Regierung d’Denkmalschutzgesetz ze modifizéieren, fir ee méi séiert Agräife bei negligéiertem Privatbesëtz ze erméiglechen? Sinn zousätzlech finanziell oder personell Mëttele fir den INPA virgesinn?
- Wéi vill vergläichbar Fäll vun national geschützten, awer akut gefäerdete Gebaier sinn dem Kulturministère aktuell bekannt?
Äntwert:
- Wéi bewäert d‘Regierung den irreparabele Verloscht vun engem national klasséierte Gebai?
Et ass ze bedaueren, dat een Deel vun enger historescher Scheier agefall ass. E Rescht vun der Scheier an d‘Bauerenhaus selwer si net verluer a wäerten erhale bleiwen. - Säit wéini war dem Kulturministère bzw. dem INPA de schlechte baulechen Zoustand vum Bauerenhaff zu Äischer bekannt?
Am Laf vum Joer 2024 gouf et dem Institut national pour le patrimoine architectural – INPA an dem Kulturministère bewosst, datt den Zoustand vun de Gebaier net gutt wier. - Wéi eng konkret Moossname goufe säit dem alarméierenden Avis vun der COPAC vum 27. September 2023 geholl?
D’Prozedur fir e Klassement gouf mam Avis vun der COPAC weidergedriwwen an d’Geriicht gouf saiséiert. - Firwat goufen déi am Avisausdrécklech gefuerdert Erhalungsmoossnamen net ëmgesat?
Déi uewegenannte Prozeduren an Aktioune goufen ageleet fir Erhalungsmoossname kënnen ëmzesetzen, déi den INPA geplangt huet. - Gouf gepréift, ob eng „exécution par substitution” duerch de Staat juristesch méiglech gewiescht wier?
Eng „excécution par substitution“ gouf beim Geriicht ugefrot. - Goufe Moossnamen ergraff, fir de Proprietaire zur Erfëllung vu senge Flichten ze beweegen? Wa
jo, wéi eng?
De Proprietär gouf e puer mol ugeschriwwen a somméiert. - Firwat gouf keng geriichtlech Entscheedung ugefrot, obwuel den INPA d‘Situatioun als
Noutsituatioun agestuuft hat?
Eng geriichtlech Prozedur gouf ageleet an d’Urteel ass am Januar 2026 gesprach ginn. - Hält d‘Regierung déi aktuell geriichtlech Prozedure fir gëeegent, fir bei akutem Verfall vu
geschützte Gebaier séier genuch ze handelen?
Déi aktuell Prozedur, déi am Denkmalschutzgesetz festgehalen ass, ka séier ofgewéckelt ginn. - Wéi eng Moossname si virgesinn, fir déi nach bestoend Deeler vum Gebai ze sécheren? Gëtt eng
Rekonstruktioun vum agestierzten Deel a Betruecht gezunn?
D’Reschter vun der Scheier ginn elo geséchert a stabiliséiert. Eng Rekonstruktioun ass spéider méiglech a néideg. Am Wunnhaus gëtt gekuckt wat ze sécheren ass an all Moossname gi vum INPA an d’Weeër geleet fir e weidere Verfall ze verhënneren. - Plangt d‘Regierung d’Denkmalschutzgesetz ze modifizéieren, fir ee méi séiert Agräife bei
negligéiertem Privatbesëtz ze erméiglechen? Sinn zousätzlech finanziell oder personell Mëttele
fir den INPA virgesinn?
Wei gesot si scho séier Prozedure virgesinn. Den INPA gëtt weider finanziell a personell opgestockt. Elo am Januar sinn 3 nei Posten opgaangen. - Wéi vill vergläichbar Fäll vun national geschützten, awer akut gefäerdete Gebaier sinn dem
Kulturministère aktuell bekannt?
Bei engem weidere geschützte Gebai ass d’Geriicht befaasst a mer waarden op en definitiivt Urteel
fir kënnen anzegräifen. En anert wäertvollt mee bedrot Haus gëtt grad klasséiert fir juristesch
Schrëtter kënnen anzeleeden.
Foto Copyright: Hubert Hollerich / Tageblatt