D’Verdeele vun LGBTQ-Material a Primärschoulen ass mëttlerweil eng Realitéit. Den Tom Weidig wëll vum Schoulminister wëssen, wat deen dovun hält.
Fro:
D’Verdeele vu Material mat eesäitege Vuen zum Thema LGBTQ a Lëtzebuerger Primärschoule wier virun e puer Joer nach ondenkbar gewiescht. Viru puer Deeg si mir awer drop opmierksam gemaach ginn, datt an enger Primärschoul vum Land déi neist Ausgab vun “4×3 Over the Rainbow” ausgedeelt gouf, engem Magazine, dat zwar primär ekonomesch Sujeten traitéiert, mee am genannten “Numéro 27 – 2004” zwielef Säiten der Lëtzebuerger “Drag Queen” Tom Hecker (“Tatta Tom”) consacréiert, déi um Coverbild grouss ze gesinn ass an dohier ganz kloer am Fokus vun där Ausgab steet.
Den Artikel geet ënner anerem op d’Petitioun 3198 an, déi kierzlech vu ronn 10.000 Mënschen ënnerschriwwe gouf an déi fuerdert, d’LGBTQ-Thematik aus de Schoulen erauszehalen. Am Artikel heescht et, den Tom Hecker wier d’Zilscheif vun “certaines personnes, d’un certain bord politique, qui souhaitent stopper et interdire la présence de Tatta Tom dans les écoles.” Géigevue an -argumenter sinn net zur Sprooch komm.
Duerfir hunn ech follgend Froen un den Här Minister:
- Ass den Här Minister driwwer informéiert ginn, datt déi mentionéiert Ausgab vun “4×3 Over the Rainbow” an enger Lëtzebuerger Primärschoul ausgedeelt ginn ass? War den Här Minister informéiert iwwer déi Aktioun? Wa jo, a wéi enger Form?
- A wéiwäit ass d’Verbreedung vun LGBTQ-Material, dat d’Thema eesäiteg behandelt, an enger Lëtzebuerger Primärschoul mam staatleche Bildungsoptrag a mat der staatlecher Neutralitéitsflicht kompatibel?
- Kann den Här Minister preziséieren, ob d’Eltere vun de Kanner grondsätzlech e Matsprooch-Recht hunn, wann et ëm d’Verdeelung vun LGBTQ-Material a Lëtzebuerger Primärschoule geet?
- Geet den Här Minister dervun aus, datt de mentionéierten Artikel (deen an der Online-Versioun vum Magazine nozeliesen ass an an deem et explizitt och ëm Phenomener wéi Homophobie a sexuell Identitéit geet) dem emotionalen an intellektuellen Niveau vu 6-12-järege Kanner ugepasst ass?
- Ass den Här Minister bereet, datt aner Organisatiounen, déi aner Meenungen a Perspektiven zum Thema LGBTQ hunn, och hir Texter an de Lëtzebuerger Primärschoule verdeele kënnen?
Äntwert:
D’Objektiver vun der ëffentlecher Grondschoul ginn iwwert déi legal Dispositioune festgehalen. Zentral sinn hei ënnert anerem d’Entwécklung vun den intellektuellen, affektiven a soziale Kompetenzen, fir et de Schüler ze erméiglechen, selwer kritesch kënnen ze denken. An dësem Sënn ginn d’Themen an de Klassen aus verschiddene Perspektive behandelt, fir eng ëmfaassend Beliichtung vun all Sujet ze garantéieren. Dës Approche dréit dozou bäi, de Schüler en differenzéierte Bléck op d’Realitéit ze vermëttelen, wouduerch si besser preparéiert sinn, komplex a kontrovers Situatiounen ze meeschteren.
D’Kompetenzen, déi an der Grondschoul gefërdert solle ginn, si kloer am Plan d’études festgehalen, deen am Gesetz verankert ass an iwwert e groussherzoglecht Reglement definéiert gëtt. Dernieft gëtt dësen och déi Contenue vir, déi an der Grondschoul prioritär ze behandele sinn.
Am Kontext vun der Léiermëttelfräiheet identifizéiert déi pedagogesch Equipe déi didaktesch Materialien a Methoden, déi konform zum Plan d’études sinn an hinne mat Bléck op d’Schoulpopulatioun ugepasst erschéngen, fir de Léierprozess vun hire Schüler beschtméiglech ze ënnerstëtzen. Dës Flexibilitéit erlaabt et de Schoulen, en diverst an ugepasst Léierëmfeld ze schafen, dat de Bedierfnesser vun de Schüler entsprécht. Heibäi ass et wichteg ze ënnersträichen, datt am Kontext vu komplexe Léiersituatiounen d’Benotze vu reelle Medien ausdrécklech erwënscht ass. Dës Medien droen dozou bäi, d’Léierinhalter mat der Realitéit ze verknëppen an de Schüler e praktesche Bezuch ze vermëttelen, deen hiert Verstoen a kritescht Denke fërdert. Kenger Regionaldirektioun war, op Réckfro vu menge Servicer, bekannt, datt dee vum honorabelen Deputéierte genannte Magazine an enger Schoul ausgedeelt gouf.