Verantwortung vun de Geriichtsvollzéier wann se hir Missiounen ausféieren: Respektéieren se se?

Hei fannt Dir eng parlamentaresch Fro vum honorabelen Deputéierten Dan Hardy.

Här President,

esou wéi d’Chamberreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro  un d’Madamm Justizminister weiderzeleeden.

Eis ass e Fall zu Ouere komm, bei deem de Schlässer, deen engem Huissier erlaabt, an eng Wunneng eranzekommen, e beträchtleche Schued un zwou Dieren, dorënner enger denkmalgeschützter Dier, verursaacht huet, e Schued, dee wäit iwwer déi geschëlten Zomm erausgaangen ass. De Schlässer gouf weder vum Huissier selwer nach vun de Polizisten, déi present waren, dru gehënnert, dee Schued ze verursaachen.

 

An deem Zesummenhang géif ech der Regierung gär dës Froe stellen:

 

  • Nieft dem Schlässer begleeden normalerweis een oder zwee Polizisten an een Zeien de Huissier an d’Wunneng. No wéi enge Krittäre ginn de Schlässer, de Polizist/d‘Polizistin an den Zeien ausgewielt? Handelt et sech bei de Polizisten ëmmer ëm lokal Polizisten oder kënnen et och Leit vun der Police judiciaire sinn?
  • Wat sinn déi spezifesch Aufgabe vum Zeien? Si si vum Gesetz gereegelt?
  • Wéi eng Entschiedegung kréien d’Zeie fir hir Presenz?
  • Huet den Zeien d’Recht Fotoen oder Videoen op privatem Terrain an an der Wunneng ze maachen?
  • Gëtt et eng kloer gesetzlech Reegelung, déi den Ëmfang vun de Schied begrenzt, déi bei der Vollstreckung verursaacht kënne ginn?
  • Wéi gëtt séchergestallt, datt denkmalgeschützt Dieren net onnéideg beschiedegt ginn?
  • Besteet d’Méiglechkeet, datt onnéideg grousse Schued, dee verursaacht gëtt, vum Huissier oder Schlässer gedroe muss ginn?
  • Wat kënnen déi betraffe Leit maachen, wann se Affer vun onnéideg groussem Schued ginn? Kënne si eng Plainte maachen? Wa jo, wéi oft ass sou eng Plainte an de leschte 5 Joer gemaach ginn?
  • Wier et net noutwenneg, eng ëmfaassend Reform vum Statut vum Huissier ze maachen, fir Tëschefäll wéi deen uewe beschriwwenen an Zukunft ze vermeiden?

 

Mat déiwem Respekt,

Hei fannt Dir déi Äntwert.

Deel dëse Post: