Vëlosummer … Sti Foussgänger an Automobiliste am Reen?

Well d’Lobby vun de Vëlosfuerer esou staark ass, musse mir dat maachen, kommentéiert de  Mobilitéitsminister am Paperjam, datt 16 Stroossen am August fir Autosverkéier gespaart ginn. Datt e Politiker fräiwëlleg zougëtt, enger Lobby ze follegen, ass rar, besonnesch, wann dës Lobby ausser hirer Freed um Vëlo, absolut keen Argument oder Drockmëttel huet, fir eng Regierung ze forcéieren. Ausser vläicht, datt den Här Bausch schonn op Wielerfang ass a weess, datt seng Sympathiewäerter bei den Autofuerer ënnen duerch sinn. Si mussen sech elo landeswäit duerch Deviatioune wullen an dat ausgerechent am eenzegen deviatiounsfräie Mount vum Joer, wou keng Aarbechten op de Stroosse sinn.

Den ADR-Deputéierte Jeff Engelen stellt dem Minister zu dëser Initiativ eng Rëtsch onkamoud Froen, besonnesch, wat d’Koordinatioun mat dem Tourismus an der Geschäftswelt ugeet. Hie wëllt awer och prinzipiell wëssen, ob eng ëffentlech a mat Steiersue bezuelte Strooss kann ee Mount laang fir Fräizäitaktivitéite reservéiert ginn. A schliisslech stellt hien a Fro, ob d’Zuel vun de Vëlosfuerer wärend dem Confinement eng bleiwend Realitéit erëmspigelt oder sech ebe just duerch méi Fräizäit an d’Fräiheet fir Vëlosfuerer ënnert de Confinementsreegelen erkläert. Konkret Äntwerte gëtt de Minister Bausch allerdéngs kaum op dem Jeff Engelen seng Froen (Video 5’16”)

Den zweeten Deel vun der Fro bezitt sech méi op Sécherheetsaspekter, wa méi Vëloen am Stroosseverkéier sinn a besonnesch och do, wou si sech legal oder illegal de Raum mam Foussgänger deelen.

Deel dëse Post: