Véier verknaschten Industrie-Siten an d’Fro, wie bezillt

De Gast Gibéryen wëll Detailler wëssen iwwer eng Transaktioun, déi rezent vum Fonds de Logement mat Arcelor-Mittal gemaach gouf. Do si, Presseberichter no,  véier Industrie-Siten zu Diddeleng (Walzwierk), Péiteng (Eucosider), Bieles a Woltz (Circuit Foil) un de Fonds de Logement gaangen. D’Terrainen musse sanéiert ginn, an den ADR-Deputéierten intresséiert sech esou wuel fir de Präis vun der Sanéierung wéi och fir eng Lëscht vun de Schadstoffer, déi op deene Site fonnt gi sinn.

D’Äntwert op dës Fro ass elo ukomm.

Deel dëse Post: