Vandalismus un E-Auto-Luedstatiounen?

Nei Technologië kënnen och nei Forme vu Kriminalitéit mat sech bréngen, sou och den Elektroauto. Am Ausland kënnt et ëmmer méi dacks vir, datt d’Kabele vun de Luedstatioune geklaut ginn. Déi Onéierlech probéieren esou un de Koffer ze kommen, deen doran enthalen ass, fir dës wichteg Ressource um Schwaarzmaart ze verkafen. Ginn et där Fäll och zu Lëtzebuerg a falls jo, wéi wëll d’Regierung dogéint virgoen? D’Lexy Schoos an de Jeff Engelen verlaangen Detailer:

Här President,

esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Banneminister an d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.

Bei eisen däitschen Noperen an och an anere Länner ginn ëmmer méi dacks d’Kabele vun de Luedstatioune fir E-Autoe geklaut. Als Ursaach fir dës nei Form vu Kriminalitéit gëtt ugeholl, datt déi Onéierlech et virun allem op de Materialwäert vum Koffer an de Kabelen ofgesinn hunn. De Schued, deen de Proprietären a Bedreiwer duerch Ausfäll a Reparaturen entsteet, läit an der Reegel villfach méi héich, wéi den eigentleche Wäert vun de geklaute Kabelen.

An deem Zesummenhang géife mir der Regierung gär dës Froe stellen:

  • Ass dës nei Form vu Kriminalitéit och zu Lëtzebuerg festzestellen? Falls jo, kann d’Regierung eng Tabell presentéieren, déi regruppéiert, wéi vill där Fäll der Police säit dem 1. Januar 2023 gemellt goufen, wéi ee Materialschued jeeweils entstanen ass, wéi dacks d’Täter konnte gepëtzt ginn an zu wéi vill Verurteelungen et koum?
  • Falls jo, wéi eng Moossname wëll d’Regierung zesumme mat de betraffene Bierger ergräifen, fir esou Fäll zukünfteg sou wäit wéi méiglech ze verhënneren?

 

Deel dëse Post: