“Vakanz doheem”, och fir d’Flüchtlingen?

Solle Mënschen déi an Europa e Schutzstatus kritt hunn fräi an hir Heemechtslänner reesen dierfen, och wann se do – hiren Aussoen no – verfollegt ginn? A villen europäesche Länner gëtt an deem Kontext ewell ganz kontrovers iwwert de Statutt vun dëse Persounen diskutéiert. Sou huet den däitschen Inneminister Horst Seehofer ugekënnegt, datt de Statutt vun deene Persounen misst nei gepréift ginn. Dës kéinte jo net glafwierdeg behaapten an deene Länner verfollegt ze ginn an déi se fräiwëlleg zréck ginn.

Flüchtlingen däerfen net an hiert Heemechtslna zeréck goen, soss verléieren si hire Statutt… geet de Flüchtling awer kuerz a säin Heemechtsland zeréck, geet dat net duer, fir him de Statutt ofzëerkennen: U Sënnlosegkeet a Widderspréchlechkeet net ze iwwerbidden!

 

Deel dëse Post: