Urgence am Lift: op Lëtzebuergesch w.e.g.

Well et nach ni sproochlech Problemer bei der Pann vun engem Lift gouf, gesäit den zoustänneche Minister kee Grond fir un der Reglementatioun eppes ze änneren. Zu enger Noutsituatioun an engem Lift kann et ëmmer nees kommen. Dofir muss en Telefon de Lift 24 Stonnen op 24 mat engem Depannage verbannen. Mä wann d’Zentral, déi vläit zu Bréissel ass, mat enger Persoun besat ass, déi kee Lëtzebuergesch kann a vläit och kee Franséisch oder Däitsch, ass dat e Problem. An enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Fernand Kartheiser bleift den zoustännege Minister Nicolas Schmit auswäichend. Onkloer bleiwt, op an Zukunft soll sëchergestallt ginn, datt d’Betriebserlaabnis fir Lifter der sproochlecher Situatioun hei am Land och Rechnung dréit, wann en auslännesche “Call Center” de Noutruff kritt. De Minister kann emol net garantéieren, datt esou e “Call Center” d’Nummer vum Lëtzebuerger Noutdingscht hätt, wa bei der Pann gesondheetlech Problemer bei Persounen, déi am Lift agespart sinn, géingen entstoen. Guer keng Äntwert huet hien op d’Fro, op net besser iwwer de Weekend direkt de Lëtzebuerger Noutruff ze ruffen, wéi dat emol de Fall war.

Deel dëse Post: