Unerkennung vum Genozid un den Armenier

E Mëttwoch, de 6. Mee 2015, huet d’Chamber an der Unanimitéit eng Resolutioun gestëmmt, an där de Genozid un den Armenier am Joer 1915, ënner der Osmanescher Herrschaft,unerkannt gëtt.

A senger Ried huet de Fernand Kartheiser sech iwwert dës Motioun an Unanimitéit gefreet, dobäi awer net vergiess drun ze erënneren datt dëst net ëmmer esou am lëtzebuerger Parlament war.

Schonns 2001 an 2004 hat d’ADR eng Motioun an der Chamber agereecht, fir de Genozid um armenesche Vollek unzeerkennen. Deemools awer wor d’ADR déi eenzeg Partei, déi dës ënnerstëtz hat!

An enger Kommissiounssëtzung hat e Vertrieder vun der DP esou guer d’Fro opgeworf: “faut-il dès lors se charger d’avantage par un dossier qui se rapporte à des événements qui se sont produits en 1915 ?”

Deel dëse Post: