Lëtzebuerg eleng spent méi un d’UNRWA wéi 54 vun de 57 arabesch-islamesche Staaten zesummen. Däitschland, den aktuell gréisste Geldgeber, wäert d’Verlängerung vum Mandat net méi ënnerstëtzen. D’USA, Holland a Schweden hunn hiert Finanzement agestallt – an dat net ouni Grond. Ma wéi positionéiert déi aktuell Regierung sech zu deem Ganzen? Dat wollt den Zentrumsdeputéierten Tom Weidig ë.a. an enger dréngender parlamentarescher Fro un d’Regierung wëssen:
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro un den Här Ausseminister weiderzeleeden.
Ufank Dezember steet d’Verlängerung vum Mandat vum UN-Hëllefswierk fir Palästina-Flüchtlingen (UNRWA) duerch d’UN-Vollversammlung bis 2029 erëm um Programm – fir déi 25. Kéier.
Däitschland – aktuell de gréisste Geldgeber – wäert d’Verlängerung net méi ënnerstëtzen. Déi arabesch Staaten hunn hir Bezuelungen un d’UNRWA vu 25 % (2018) op 3 % (2026) reduzéiert. D’USA, Holland a Schweden hunn hiert Finanzement agestallt. Lëtzebuerg eleng awer spent méi un d’UNRWA wéi 54 vun de 57 arabesch-islamesche Staaten zesummen – an absolutten Zuelen.
D’Kritik un der UNRWA ass villfälteg. Éischtens ass dat den ausufernde Flüchtlingsstatus. Déi 711.000 Flüchtlingen aus dem Joer 1950 hu sech op 7 Millioune verzéngfacht, an all Joer kommen 100.000 derbäi – onofhängeg dovun, ob si a stabillen, staatsbiergerleche Verhältnisser liewen, ouni Nout an ouni Schutzbedierfnis. Iwwer 2 Milliounen hunn déi jordanesch Staatsbiergerschaft a bleiwen trotzdeem UNRWA-Hëllefsempfänger.
Zweetens versteet sech d’UNRWA als Garant vum Recht op Retour an Israel. Eng Fuerderung, déi no 75 Joer politesch illusoresch ass, well dann déi 8 Millioune staark jüddesch Bevëlkerung an Israel an der Minderheet wier. D’Leit sinn an enger onwierdeger Waardeschläif fir en illusoresche Retour.
Schlussendlech ginn et och Hiweiser op Ënnerwanderunge vun der UNRWA duerch d‘Hamas. Och befreien d’Gelder un d’UNRWA d’Hamas vun hiren sozialen Aufgabe géigeniwwer hirer Bevëlkerung a setzen esou Millioune fräi, fir hire Kampf an hiren Terror géint Israel ze finanzéieren.
An deem Kontext wëll ech d’Regierung froen:
-
- ob si eng Mandatsverlängerung ënnerstëtzt oder dës ofleent, wéi Däitschland an d’USA dat wäerte maachen;
- ob si bereet wier enger Reform an Neiausriichtung zouzestëmmen, déi der Realitéit um Terrain méi no kënnt. Zum Beispill kéint d’Staategemeinschaft hir Mëttelen direkt un déi lokal, staatlech a kommunal Autoritéiten an de jeeweilege Gaaschtlänner verginn, déi dann och Projete vun der UNRWA iwwerhuele géifen.
Mat déiwem Respekt,
Tom Weidig
Deputéierten