Zerstéierung, mënschlecht Leed a Misär: Russland huet mam Ugrëff op d’Ukrain e klore Vëlkerrechtsbroch begaangen. D’ADR setzt sech als Friddenspartei dofir an, datt net nach méi mënschlecht Leed soll an d’Land zéien a fuerdert diplomatesch Léisungen fir Fridden ze schafen. Och d’Konsequenze vun der Sanktiounspolitik op eis eegen Ekonomie muss een dobäi am A behalen. Déi sozial schwaach Leit an och d’Mëttelschicht si mat engem massive Kafkraaftverloscht konfrontéiert. Am Kader vum Konflikt an der Ukrain däerfe mir och si net am Stach loossen…