UGDA: National Museksfederatioun vu Regierung benodeelegt!

D’UGDA fuerdert datt, wat d’Corona-Restriktiounen uginn, hir Veräiner d’nämmlecht behandelt gi wéi déi am sportleche Beräich! Déi national Museksfederatioun UGDA representéiert ronn 300 Musek-, Gesang-, Theater a Folkloreveräiner mat am ganze ronn 12.500 Memberen. Hire neie Generalsekretär sot an engem Interview, den 01. Februar 2021 um Radio 100,7, datt de Sport op Amateursniveau, bei de Corona-Restriktiounen, besser ewech kënnt wéi d’Veräiner vun der Union Grand-Duc Adolphe. Bessert d’Regierung am nächste Corona-Gesetz no?

 

Deel dëse Post: