TTIP: Net laanscht d’Bierger, net laanscht d’Chamber, seet de Fernand Kartheiser

Fir d’ADR hat de Fernand Kartheiser eng Motioun gemaach, fir sécher ze stellen, datt den TTIP-Accord net hanner zouenen Dieren zu Bréissel géing beschloss ginn, mä an der Chamber an an allen nationale Parlamenter vun der EU misst gestëmmt ginn. D’Lëtzebuerger Regierung gëtt doduerch verflicht, dës Positioun während hirer EU-Presidence ze vertrieden. Verhandelt gëtt den TTIP (Transatlantic Trade And Investment Partnership) vun den USA an der Europäescher Kommissioun. Den Text gouf an d’aussepolitesch Kommissioun verwisen, wou en Accord fonnt ginn ass. E gouf dunn vum Kommissiounspresident Marc Angel de 8. Juli zum Vote bruecht an och ugeholl: De Fernand Kartheiser huet präziséiert, datt d’ADR net vu vir era géint den Accord ass, mä genau willt wëssen, wat dra steet, well vill sensibel Punkten do sinn. Lëtzebuerg bräicht oppe Mäert an dofir och Handelsaccorden, an d’ADR wëllt kontrolléieren, op déi Accorde korrekt sinn.

Deel dëse Post: