TTIP an CETA: Gambia zerstridden! [Videoen]

Eng Motioun vun Déi Lénk stoung de 7. Juni an der Chamber zur Debatt. Fir d’ADR huet de Fernand Kartheiser Amendementer proposéiert a besonnesch nei formuléiert, wéi d’Regierung sech bei der Ratifizéierung vum CETA-Accord ze verhalen hätt. Hien huet awer besonnesch drop insistéiert, datt d’Lëtzebuerger Regierung an därer Fro, wéi och beim TTIP, zerstridden ass. LSAP an Déi Gréng haten zwar eege Kongresser ugekënnegt fir ze decidéieren, wat d’Parteipositioun ass. Awer am Vertrauen op d’kuerz Gediechtnis vun hire Wieler wäerten déi Kongresser an der CETA-Hektik elo d’Baach a goen. De gréngen EP-Deputéierte wëll den TTIP op den Tipp geheien. Mä d’Regierung huet sech elo op eng Pro-Positioun festgeluecht.

A senger Presentatioun vun der TTIP-Motioun geet et dem Fernand Kartheiser drëm, datt d’Chamber aus de Feeler léiert déi beim CETA gemaach goufen: An der Motioun gëtt vun der Regierung verlaangt, d’Chamber virun all Decisioun ze informéieren, net ouni e Mandat vun der Chamber ofzestëmmen an op en Accord mixte ze pochen.

Deel dëse Post: