D’Gesetz iwwert d’fräi Zirkulatioun vun de Persoune gesäit och d’Méiglechkeet fir, bestëmmte Leit ze verbidden, d’Land iwwerhaapt ze betrieden. Ma gëtt sech dann och ëmmer doru gehalen? Falls net, mat wéi enge Konsequenze mussen déi Verantwortlech da rechnen? De Fred Keup an den Tom Weidig haken no:
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, biede mir ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Ausseminister an den Här Inneminister weiderzeleeden.
Op Basis vum Gesetz vun 2008 iwwert d’fräi Zirkulatioun vun de Persounen, souwéi den entspriechende Modifikatiounen am Gesetz vum 21 Abrëll 2023 kann de Minister, mat der Immigratioun a sengem Ressort eng “Interdiction du Territoire” fir bestëmmte Persounen ausschwätzen.
An deem Zesummenhang géife mir der Regierung gär dës Froe stellen:
- Wéi vill entspriechend Verbueter fir eist Land ze betrieden, goufen an de Joren 2014 bis 2024 jeeweils ausgeschwat? Kann d’Regierung eng Tabell presentéieren, déi fir all Joers d’Ursaachen, souwéi d’Dauer vun de Verbueter preziséiert?
- Wéi dacks goufen déi entspriechend Verbueter wärend deem Zäitraum viru Geriicht contestéiert? Kann d’Regierung eng Tabell presentéieren, déi fir all Joers preziséiert, wéi dacks d’Geriichter d’Decisioun vun der jeeweileger Regierung confirméiert, respektiv annuléiert hunn?
- Wéi dacks goufe wärend deem genannten Zäitraum Verstéiss géint eng “Interdiction du Territoire” festgestallt? Wéi gesinn d’Modalitéite fir den Ëmgang mat enger Persoun aus, déi an deem Sënn erwëscht gëtt? Kann d’Regierung eng Tabell presentéieren, déi d’Zuel vun de Verstéiss pro Joer, souwéi déi entspriechend Strofe preziséiert?