Tribune Libre: Géint all ëffentlech Tarif- an Taxenerhéijungen!

[ca_audio url=”https://adr.lu/wp-content/uploads/2013/01/14012012-Politesch-Emissiounen-ADR-Marceline-Goergen.mp3″ width=”500″ height=”27″ css_class=”codeart-google-mp3-player”]

Léif Nolauschterer,

Wann Dir an deene leschten Deeg mam ëffentlechen Transport gefuer sidd oder wann Dir vum 1. Februar un anzwousch an der Stad parkt, da musst Dir feststellen: et gëtt e gutt Stéck méi deier fir sech ze deplacéieren, sief dat mam Auto Bus, oder Zuch !

Vläicht behaapt deen een oder deen aneren, d’Erhéijung vun den Tariffer wier guer net esou dramatesch. Mécht et wierklech esou e groussen Ënnerscheed, wann de Kuerzstreckbilljee vun 1,50 Euro op 2 Euro klëmmt? Ass et wierklech derwäert, sech iwwert déi 50 Cent Ënnerscheed opzereegen? D’ADR seet ganz kloer: Jo!

Mat dëser rezenter Moossnam sent d’Regierung dat falscht Signal. All Erhéijung vun den Tariffer, ob moderat oder substantiell, huet e groussen Impakt op d’Astellung vun de potentielle Benotzer vis-à-vis vum ëffentlechen Transport, an domadder och op hiert Verhalen. Sech politesch Ziler ze setzen, esou wéi  d’Regierung et am Kader vun der nationaler Strategie fir eng nohalteg Mobilitéit gemaach huet, ass u sech eng luewenswäert Initiativ. Wëll een awer engem gleewen doen, datt dës Ziler duerch méi héich Tariffer erreecht kënne ginn, da kann et sech nëmmen ëm puren Zynismus handelen.

D’ADR ass sech bewosst, datt fir eng Rei Familljen a Senioren dës Hausse méi wéi e reng symbolesche Wäert huet. E puer honnert Euro d’Joer manner an der Täsch, dat ass net fir jiddfereen einfach ze verkraaften.  Mat Ierbsenzielerei huet et näischt ze dinn; et ass nëmmen d’Konsequenz vun enger Regierungspolitik, déi nieft dem ëffentlechen Transport och an anere  Beräicher léiwer de Bierger bezuelen deet ewéi op de richtege Plazen ze spueren.

D’ADR-Sektioun Stad stellt no der ugekënnegter Erhéijung vun de Parking-Tariffer fest, datt de blo-grénge Schäfferot am Gaang ass, dem Bierger ëmmer méi déif an d’Täsch ze gräifen. Besonnesch d’Stater Geschäftsleit wäerten och ënnert dëser Hausse leiden. Do ännert och d’Formule Park& Buy näischt dorun.

Grad an enger wirtschaftlech schwiereger Zäit ass et néideg, d’Stater Geschäftsleit net am Stach ze loossen. Duerch déi successiv Erhéijungen vun den Tariffer besteet d’Gefor, datt ëmmer méi Clientë sech éischter fir d’Akafen op der Grénger Wiss, an notamment am noen Ausland, entscheeden. D’Leit, déi an d’Stad komme fir kuerz eng Kommissioun ze maachen, däerfen op kee Fall bestrooft ginn.

Fir déi betraffe Bierger ass et och schwéier nozevollzéien, datt de Stater Schäfferot téint, fir gesond Finanze gesuergt ze hunn –wée dat bei dem Debatt ëm de Gemengebudget de Fall war – a kuerz drop Tarifferhéijungen annoncéiert huet.

D’ADR ass generell géint all ëffentlech Tarif- an Taxenerhéijungen, déi d’Liewe méi deier maachen an domat d’Inflatioun an d’Luucht dreiwen.

Beitrag vum Marceline Goergen, Stater Gemengeconseillère a Vize-Presidentin vun der ADR, gesent op RTL an 100,7 e Méindeg de 14. Januar 2012

Deel dëse Post: