Trennung vu Kierch a Staat, awer ouni Sträit a Kaméidi!

D’ADR ass fir eng propper Trennung vu Kierch a Staat. Dat huet de Gast Gibéryen an der Chamber de 25. Januar am Detail erklärt. Dat war fir hien awer guer kee Grond, fir e Gesetz ze stëmmen, wat de Gemengen erlaabt, selwer ze decidéieren, op se en Defizit vun enger Kierchefabrik droen oder net, an och, op se dem Paschtouer eng Wunneng zur Verfügung stellen oder net.
D’ADR freet sech zwar, datt d’CSV hire Walprogramm iwwerhëlt an op eemol och entdeckt, datt si net fir de Regierungsprogramm ass.
D’ADR ass awer géint d’Aart a Weis, wéi dat Gesetz gestëmmt ginn ass, ouni datt déi Konventioun, op där et berout, duerch d’Chamber gaang ass. D’ADR ass dergéint, datt d’Vertriedung vun de Kierchefabriken (SYFEL) am Virfeld net gefrot ginn ass.

Alt nees ass d’arrogant Aart a Weis vu Gambia an der Kritik. D’ADR ass dergéint, datt eng Trennung vu Kierch a Staat am Sträit geschitt an datt Gambia systematesch Onfridden am Land séit fir hir lénks Ideologie duerchzesetzen.

Deel dëse Post: