Tram: eng Resolutioun fir e Referendum!

An der Gemengerotssëtzung vum nächste Méindeg deposéiert d’ADR-Gemengeconseillère Marceline Goergen eng Resolutioun, an där de Gemengerot opgeruff gëtt e Referendum ze organiséieren iwwert de Bau vun engem Tram duerch d’Stad.

De Gemengerot kann dës Entscheedung vun sech aus huelen, ouni datt de Bierger eenzel muss ënnerschreiwen, fir esou e Referendum ofzehalen. Dës Prozedur ass ausdrécklech am Gemengegesetz virgesinn, fir Froen déi d’Interessie vun der Gemeng direkt eppes uginn (dans les cas d’intérêt communal).

D’ADR rifft ganz besonnesch déi blo–gréng Majoritéit op, hiren eegene Koalitiounsaccord ze respektéieren, an deem der Biergerbedeelegung e ganze Kapitel reservéiert ass, mam Motto: d’Participatioun ze promovéieren heescht d’Demokratie ze promovéieren.

D’Organisatioun vun engem Referendum iwwert den deierste Projet fir d’Stad Lëtzebuerg an dësem Joerhonnert däerf net ouni eng transparent Bedeelegung vum Bierger vrun sech goen.

Deel dëse Post: