Tourismus-Secteur heiheem op stabil Been setzen!

D’Covid-Kris vun de leschte Joren huet den Tourismus-Secteur besonnesch haart getraff. Dëse Secteur huet just nach ganz begrenzt schaffe kënnen. D’Fro ass wéi eng Léiere mir aus dëser Kris kënnen zéien a wéi mir de Lëtzebuerger Tourismus-Secteur an Zukunft op méi stabil Been stelle kënnen. Eng Konklusioun, déi mir sécherlech haut zéie kënnen, ass, datt mir et wärend der Covid-Kris eisen auslännesche Gäscht ganz schwéier gemaach hunn, fir op eng previsibel Manéier hir Vakanz bei eis ze plangen. D’Fermeture vum Horeca-Secteur, déi beschloss gouf, ouni datt eng pertinent sanitär Logik bestanen huet, huet vill Leit ofgeschreckt, fir eist Land ze besichen. De stännegen Hin-an-Hir vun de sanitäre Mesuren war schwéier nozevollzéien, esou datt vill Leit net d’Motivatioun fonnt hunn, fir eis ze besichen, well si dat net anstänneg plange konnten. Sollt et jeemools zu weidere sanitäre Krise kommen, wat mir all net hoffen, muss d’Politik méi koherent virgoen. D’Regierung därf keng Decisioune méi huelen, déi dem Tourismus-Secteur schuede kéinten, besonnesch dann, wann et keng sanitär Noutwennegkeet dofir gëtt. Jo, d’Regierung huet et dem Fräizäit-, Horeca- an Tourismussecteur – zumindest zum Deel – onnéideg schwéier gemaach, fir kënne weider ze schaffen an esou hir Existenz ofzesécheren!

 

 

Deel dëse Post: