Toilettë fir Mënsche mat komplexer Behënnerung

Behënnertegerecht Toilettë fënnt een op ville Plazen am Land. Fir Mënsche mat komplexen oder schwéiere Behënnerungen (z.B. queeschschnëttsgeläämt Mënschen oder Mënsche mat Multipler Skleros), awer och fir vill eeler Mënschen, déi op Fleeg ugewise sinn oder un Demenz leiden, ginn dës „Standard“-Toiletten awer net duer, well si op speziell Hëllef ugewise sinn. Wann dës Mënsche mat hirer Famill, hire Frënn oder hire Fleegepersounen ënnerwee sinn, gëtt fir si d’Wiessele vun der Inkontinenzwëndel zur Erausfuerderung. D’Famill, hir Fleegepersoun oder hir Frënn mussen déi behënnert Persoun dann op de Buedem vun enger ëffentlecher Toilette leeën. Dat ass fir all Bedeelegt oft ganz belaaschtend, entwierdegend an onhygienesch. De Buedem ass oft net propper, an a villen ëffentlechen Toiletten ass net genuch Plaz dofir. An anere Länner, wéi beispillsweis an England, wou Toilettë mat Banquette a Persounelifter scho bal Standard sinn, stellt ee fest, datt duerch dës Toiletten déi schwéier behënnert Mënsche vill méi aktiv um ëffentleche Liewen (z.B. Geschäfter, Kinoen, Verwaltungen, Sport, Muséeën) deelhuelen.

Ginn et an der Regierung Iwwerleeungen, fir esou barrièrefräi Toiletten, där et am Ablack just dräi am ganze Land gëtt, fir all Gemeng verflichtend ze maachen, oder fir op d’mannst all déi Gemenge finanziell ze ënnerstëtzen, déi esou eng Toilette installéiere wëllen?

Deel dëse Post: