[BEÄNTWERT] Temps de vol des pilotes

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir nohalteg Entwécklung weiderzeleeden.

Scho méi dacks hunn am europäeschen Ausland, awer och hei zu Lëtzebuerg, d’Pilotenassociatioune géint eng EU-wäit Neiregelung vun den Déngschtzäite vum Cockpitpersonal demonstréiert. Déi geplangten Neiregelunge vun der EASA gesi massiv Erhéijunge vun allen aktuellen Déngschtzäite vir, wat eng negativ Auswierkung op Fluchsécherheet ka mat sech bréngen. Si widderspriechen och alle wëssenschaftlechen Erkenntnisser a Studien zu dësem Sujet. Sou hunn z.B. d’Vereenegt Staate vun Amerika op der Basis vun dëse Studien an och no den Enquêten iwwer d’Accidenter an deene läschte Joren, wou erwisenermoossen d’Middegkeet ganz oft eng Roll gespillt huet, hir erlaabten Déngschtzäite fir Piloten drastesch erofgesat.

An deem Kontext wéilt ech dem Här Minister fir nohalteg Entwécklung dës Froe stellen:

1. Wei steet Lëtzebuerg zu där geplangtener Neiregelung vun de Fluchdéngschtzäiten, sou wéi d’EASA se proposéiert?

2. Huet d’Lëtzebuerger Regierung wëlles, dës geplangten EU-Reglementatioun z’ënnerstëtzen, oder wëll si déi aktuell, méi restriktiv, national Gesetzgebung bäibehalen?

 3. Gëtt et zu Lëtzebuerg aktuell Demandë vu Gesellschaften op Ausnameregelungen zur aktueller Gesetzgebung am Beräich vun den Déngschtzäite vun de Piloten?

 4. Wa jo, ass d’Regierung gewëllt sou Ausnamen z’erlaben? Wéi gesäit si d’Risike fir d’Personal, d’Passagéier an d’Loftsécherheet am Allgemengen, am Fall vun enger Verlängerung vun den Déngschtzäite vun de Piloten?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Réponse du Ministre du Développement durable et des Infrastructures à question N°2368 de Monsieur Fernand Kartheiser concernant Temps de vol des pilotes

 

Deel dëse Post: