Säit e puer Joer musse Prisonéier zu Lëtzebuerg net méi op eng zentral Telefonskabinn zeréckgräifen, mee si verfügen iwwert en eegene klengen Telefon an hirer Zell, woubäi d’Verbindunge vun der Prisongsverwaltung iwwerwaacht ginn. Obwuel et sech hei duerchaus ëm e Beräich vun der staatlecher Souveränitéit handelt, gëtt deen Zerwiss awer net vun der Post, oder op mannst enger Lëtzebuerger, mee vun enger däitscher Privatfirma iwwerwaacht. Wéi koum déi Decisioun zustanen? Den Dan Hardy verlaangt Detailer:
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizminister weiderzeleeden.
Säit e puer Joer verfügen d’ Prisonéier zu Schraasseg iwwert en Telefonszougang an hirer Zell. Uriff musse vun der Verwaltung am Prisong fräigeschalt ginn, ier se kënne verbonne ginn, fir Abusen ze verhënneren. D’Käschte fir d’Verbindung ginn de Prisonéier verrechent. Den technesche Zerwiss gëtt awer net vun der Post, wou de Staat zu 100 Prozent Aktionär ass, mee vun enger däitscher Privatfirma bereetgestallt.
Esou wéi et mir zougedroe gouf, kënnt et bei der Ofrechnung och emol zu Onreegelméissegkeeten. Mir leien Dokumenter vir, déi ënner anerem e puer Uriff vun där selwechter Nummer zur selwechter Zäit weisen, wat jo natierlecherweis net kann den Tatsaachen entspriechen. Des Weidere ginn zum Beispill Uriff vun null Sekonne verrechent. Och wann d’Käschte pro Verbindung net héich leien, kënnen sech sou feelerhaft Montante fir eenzel Prisonéier awer summéieren, ëmsou méi wou si fir hir Zäit am Prisong jo net iwwert e gereegelt Aarbechtsakommes verfügen.
An deem Zesummenhang géif ech der Madamm Justizminister gär dës Froe stellen:
- Kann d’Madamm Minister elaboréieren, firwat den Telefonszerwiss fir Prisonéier aktuell net vun der Post geréiert gëtt? Bis wéini ass eng nei Ausschreiwung vun deem Zerwiss virgesinn?
- Huet an der Vergaangenheet eng Ausschreiwung stattfonnt, ob déi aner Lëtzebuerger Operateuren sech hätte kënne mellen? Falls jo, wéi eng Conclusioune goufe gezunn? Falls net, firwat net?
Wéi reagéiert d’Madamm Minister op déi Onreegelméissegkeeten? Goufen an de vergaangene Jore weider esou Onreegelméissegkeete gemellt? Wéi vill vun deenen Hiweiser sinn unerkannt ginn? Wéi eng Erklärungen dozou gouf et vun der däitscher Bedreiwerfirma? Wéi ee Gesamtmontant u falsch ofgerechente Verbindunge gouf un d’Prisonéier zeréckiwwerwisen?