Target II: Risiko fir Lëtzebuerg?

De parlamentaresche Grupp vun eiser Partei freet eng Sëtzung vun der Finanzkommissioun vum Parlament a Presenz vum Gouverneur vun der Zentralbank, Gaston Reinesch. Heibäi soll et ëm d’Target-II-Solden an eventuell Riske fir eis Wirtschaft goen. En entspriechende Bréif vum Gast Gibéryen ass un de Chamberspresident an de President vun der Finanz- a Budgetskommissioun vun der Chamber gaangen. Target-II ass e Clearing-System fir Gelder vun den Zentralbanken national an international ze geréieren. Zentralbanken aus der Euro-Zon kënnen an dësem System och positiv oder negativ Solden (Schold) géintiwwser der Europäescher Zentralbank opweisen. 

Deel dëse Post: