Subside fir auslännesch Sportveräiner

De Jeff Engelen intresséiert sech a senger parl. Fro fir d’Subside fir auslännesch Sportveräiner.

Fro:

Veräiner, déi bei enger Federatioun affiliéiert sinn, kënne Subsiden ufroen, wéi zum Beispill den “Subside de base” an den “Subside Qualité+”.

Mir hu festgestallt, datt Veräiner aus dem Ausland d’Méiglechkeet hunn, bei enger Lëtzebuerger Sportfederatioun ugemellt ze sinn an esou vun deene selwechte Virdeeler ze profitéiere wéi Lëtzebuerger Veräiner.

An deem Kontext hunn ech follgend Froen un den Här Minister:

  1. Kënnen auslännesch Veräiner déi genannt Subsiden ufroen? Wa jo, wéi eng Konditioune gëllen an deem Fall fir déi auslännesch Veräiner?
  2. Leien dem Här Minister Informatioune vir iwwer lëtzebuergesch Veräiner, déi bei enger auslännescher Sportfederatioun affiliéiert sinn a Subside kréien?

Äntwert:

1. Dat modifizéiert groossherzoglecht Reglement vum 23. Dezember 2016 geséit Konditiounen fir déi en Veräin erfëllen muss fir vum “Subside de base” an dem “Subside qualité+” kennen ze profitéieren. Doraus geet ervir, dass en Veräin, ënner anerem, an enger vum Minister agreéierter Federatioun muss affiliéiert sinn. Eng Konditioun déi un d’Land vun enger eventueller Immatrikulatioun vum Veräin gebonne ass geséit dëst Reglement net fir, deemno kënnen och “auslännesch” Veräiner , déi genannte Subsiden ufroen. Des Veräiner mussen déi selwecht Konditiounen erfëllen wei en “ lëtzebuerger” Veräin.

2. Doriwwer huet de Ministère kéng Informatiounen.

 

 

Deel dëse Post: