Net all Student, deen op der Uni Lëtzebuerg studéiere wëll, gëtt vun der Uni opgeholl. Dozou hunn d’Alexandra Schoos an Tom Weidig e puer Froen un déi zoustänneg Ministesch.
Fro:
D’Uni Lëtzebuerg spillt eng entscheedend Roll bei der Virbereedung vu jonke Mënschen op d’Aarbechtswelt an op d’Welt vu muer. Trotzdeem ass et eng Tatsaach, dass e groussen Deel bzw. de gréissten Deel vun den Titulairë vun enger lëtzebuergescher Première (ESC an ESG) weiderhin an d’Ausland geet, fir do ze studéieren. Dat schéngt net nëmmen dorun ze leien, datt d’Uni Lëtzebuerg verschidde Studiegäng net ubitt, mee och dorun, datt vill Titulairë vun enger lëtzebuergescher Première guer net vun der Uni Lëtzebuerg opgeholl ginn. Eis ass nämlech zu Ouere komm, datt ville jonke Leit mat enger Lëtzebuerger Première den Zougang zu bestëmmte Studiegäng vun der Uni Lëtzebuerg refuséiert gëtt, wärend si uschléissend ouni Schwieregkeeten déi entspriechend Studien an anere Länner, besonnesch an der Belsch, ophuele kënnen.
An deem Kontext hu mir follgend Froen un d’Madamm Minister:
- Wéi vill Zouloossungsunträg goufen an de leschte fënnef Joer un d’Uni Lëtzebuerg adresséiert, opgeschlësselt no akadeemeschem Joer? Wéi vill dovunner goufen accordéiert, a wéi vill ofgeleent, opgeschlësselt no Studiegang a Studienzyklus (Bachelor/Master)?
- Leien dës Donnéeën opgeschlësselt no Nationalitéit bzw. Nationalitéitekategorie vir (Lëtzebuerger, Bierger vun der EU, vum EWR, vun der Schwäiz, vun Drëttstaaten)? Wa jo, kann d’Madamm Minister eis déi betr. Donnéeë fir déi lescht fënnef akadeemesch Joren iwwermëttelen?
- Wéi vill Titulairë vun enger lëtzebuergescher Première (ESC an ESG) hunn an deene leschte fënnef Joer, opgeschlësselt no akadeemeschem Joer, en Untrag op Zouloossung zu engem Bachelorstudiegang un der Uni Lëtzebuerg gestallt? Wéi vill goufen zougelooss? Wéi vill goufen ofgeleent?
- Verfüügt d’Regierung iwwer Donnéeën, déi beleeën, wéi vill Titulairë vun enger lëtzebuergescher Première (ESC an ESG) sech no enger Ofleenung vun hirem Untrag duerch d’Uni Lëtzebuerg fir e Studium am Ausland entscheet hunn? Wa jo, kann d’Regierung dës Donnéeën no Zillänner opschlësselen?
- Fir wéi eng Studiegäng un der Uni Lëtzebuerg ass d’Zouloossung (a) ganz op; (b) begrenzt duerch en Numerus clausus oder eng maximal Opnamkapazitéit?
- Wéi eng Auswielkrittäre gëlle fir Studiegäng mat begrenzter Opnamkapazitéit?
- Ginn et Quoten oder aner Dispositiounen, déi den Zougang vun Titulairë vun enger lëtzebuergescher Première (ESC an ESG) zu bestëmmte Studiegäng garantéieren?
- Wéi vill Zouloossungsunträg vu Studenten aus Drëttstaaten (ausserhalb vun der EU/vum EWR/vun der Schwäiz) goufen an deene leschte fënnef akadeemesche Jore fir Bachelor- a Masterstudiegäng op der Uni Lëtzebuerg gestallt? Wéi vill vun dësen Unträg goufen ugeholl oder ofgeleent? Kann d’Madamm Minister dës Donnéeën no Nationalitéit vum Untragsteller opschlësselen?