Stroosseverkéier: Mat guddem Beispill vir, seet de Gast Gibéryen

An der Chamberssetzung vum 16. Juni war d'”Vision 0″ am Mëttelpunkt. Dat soll e Wee sinn fir op 0 déidlech Accidenter am Joer erofzegoen. De Gast Gibéryen huet d’Visioun begréisst. Hien huet eenzel Punkten ugeschwat, déi kinnten hëllefen, deem Ziel méi no ze kommen. Net wierksam sinn a sengen Aen ëmmer méi héich Geldstrofen a fix Radaren. D’Protokoller géingen zudeem d’Leit, déi manner verdéngen, méi haart treffen wéi anerer.

De nemmlechten Dag huet den ADR-Deputéirte Roy Reding e neit Gesetz iwwer TVA begréisst. Et géing och gutt Méiglechkeeten am Beräich vum Konschthadel an de Konschtauktioune bidden a gutt bei d’Land passen.

Deel dëse Post: