Stroffälleg Mannerjäreger: Dräibur oder Schraasseg?

Trotz de Sécherheetsunitéiten, déi zu Dräibur fir mannerjäreg Stroffälleger ageriicht gi sinn, gëtt et zu Lëtzebuerg nach ëmmer d’Méiglechkeet, Mannerjäreger mat erwuessene Verurteelten zu Schraasseg anzespären. Dowéinst ass Lëtzebuerg scho méi wéi eng Kéier kritiséiert ginn, an den Ombudsman, d’Madame Claudia Monti, huet kierzlech dësen Ëmstand an engem laange Bréif nach eemol opgegraff. Op Basis vun internationalen Texter, huet si nach eemol geschriwwen, datt dëst eng onméiglech Situatioun ass, an d’Argumenter vun deenen, déi Schraasseg als Auswäichméiglechkeet wëlle behalen, widderluecht. Den Ombudsman fuerdert eng eendeiteg Reegelung fir ze verhënneren, datt weider Mannerjäreger op Schraasseg an de Prisong kënne gesat ginn. 

De Gast Gibéryen wëllt elo eng kloer Positioun vum Justizminister an huet dofir eng parlamentaresch Fro gestalt.

 

Deel dëse Post: