Stoung den IRM-Scanner vu Gréiwemaacher an engem Spidol?

Stellt Iech fir, Der kaaft eppes an Der kritt Schwieregkeete gemaach fir et an de Gebrauch ze huelen … Dat kéint d’Lag vun där Dokteschpraxis vu Gréiwemaacher sinn, déi IRMen ubitt. Hir Maschinn soll vun engem Lëtzebuerger Spidol ofkaf gi sinn. De Fred Keup probéiert de Konsequenze vun esou engem Handel an enger parlamentarescher Fro op de Fong ze goen. D’Regierung wëll sech net äusseren.

Fro

Aus ënnerschiddleche Quellen, ass mir e puer Mol zu Ouere komm, datt den IRM, deen um Potaschbierg an enger privater Praxis steet, vir d’éischt an engem Lëtzebuerger Spidol stoung, iert d’Maschinn zu Gréiwemaacher a Betrib geholl ginn ass. Duerfir hätt ech dës Froen un d’Madamm Gesondheetsminister:

  1. Ass et korrekt, datt zu Gréiwemaacher en IRM steet, dee virdrun engem Lëtzebuerger Spidol gehéiert huet?
  2. Wa jo, wéi vill Betriibsstonnen hat déi Maschinn? Wat ass eng normal Liewensdauer vun esou enger Maschinn? Fir wéi vill Suen ass den IRM viruverkaf ginn a wat hätt d’Maschinn haut nei kascht?
  3. Wat war beim Spidol d’staatlech Participatioun um Uschafungspräis? Wat fir Konditiounen huet esou eng Subventioun am Hibléck op e Weiderverkaf? Wéi vill vum Weiderverkafspräis geet un de Staat?

Äntwert

Äntwert vun der Madamm Gesondheetsministesch op d’parlamentaresch Fro n° 6589 vum 1. August 2022 vum honorabelen Deputéierten Här Fred Keup.
1. Ass et korrekt, datt zu Greiwemaacher en IRM steet, dee virdrun engem Lëtzebuerger Spidol geheiert huet?
Den Gesondheetsministère huet keng Informatiounen dass dëst den Fall ass. Effektiv ass den IRM awer aus zweeter Hand. Am Respekt vun der Confidentialitéitsklausel am Accord de principe an desem Dossier kann den Gesondheetministère keng wieder Detailer matdeelen.
2. Wajo, wéi vill Betriibsstonnen hat déi Maschinn? Wat ass eng normal Liewensdauer vun esou enger Maschinn? Fir wei vill Suen ass den IRM viruverkaf ginn a wat hätt d’Maschinn haut nei kascht?
Eng Maschinn aus zweeter Hand kann wéi eng nei Maschinn exploitéiert gin soulaang den contrôle qualité opweist, dat d‘« critères règlementaires » erfëllt ginn. Eng Maschinn muss ersaat gin wann sie net méi
„state of the art“ ass an et net erlaabt all néideg Examinatiounen ze maachen déi Usus sinn bei neien Maschinnen.
3. Wat war beim Spidol d’staatlech Participatioun um Uschafungspräis? Wat fir Konditiounen huet esou eng Subventioun am Hibléck op e Weiderverkaf? Wei vill vum Weiderverkafspräis geet un de Staat?

Deel dëse Post: