Stockéiere vu nuklearen Offäll: De “Faux-Pas” vun der Ëmweltministesch!

Nodeems d’Ëmweltministesch déi belsch Regierung schaarf kritiséiert huet, stelle sech eng Rei wichteg Froen. Der Carole Dieschbourg hir Kritik huet sech ronderëm eng Etüd gedréit, déi iwwer méiglech Plaze gemaach gëtt wou toxesch, nuklear Offäll laangfristeg stockéiert solle ginn. E puer vun dëse Sitte, déi theoretesch a Fro kommen, sinn an der Géigend vun der Lëtzebuerger Grenz. D’ADR gesäit dat natierlech och kritesch wann esou eng Deponie an der Géigend vum Grand-Duché geplangt gëtt. Ma wann d’Ëmweltministesch hir schaarf Kritik un der Belsch ausüübt, dann ass si net éierlech! Schonn 2018 war an engem bilateralen Ofkommes d’Fro vun engem nuklearen Endlager festgeluecht ginn. E Fakt dee méiglecherweis dozou bäigedroen huet datt déi belsch Ministesch Christine Marghem vun engem graven, diplomateschen Incident geschwat huet.       

Deel dëse Post: