Steiergerechtegkeet fir Wittfraen a gescheete Leit

Dësen Artikel ass an der véierter Editioun vum Pefferkär – Chamberwalen 2013 publizéiert ginn.

D’ADR ass net dermadder averstanen, datt Wittfraen oder -männer 3 Joer nom Doud vun hirem Partner erëm an d‘Steierklass vum Jonggesell reclasséiert ginn. Vill méi gerecht wier d‘Aféiere  vun enger Zwëscheklass, déi hirer Situatioun Rechnung dréit.

Soulaang Eltren, déi gescheet oder getrennt sinn, fir hir Kanner opkommen, si versuergen oder Alimenter fir si bezuelen, sollen se an der Steierklass 2 bleiwen.

Deel dëse Post: